De Macher Lycee war leschte Méindeg mat 30 Schüler bei den SEL (Concert Quattro Celli) an der Philharmonie :

“De Concert war e Gedicht, d’Schüler ware wéi ëmmer iwerraschend angenehm. Wat hei awer speziell war, war datt mir 6 Schüler aus der CLIJAA Classe (Classe d’intégration jeunes adultes) dobäi haten, wou Schüler drop sin, déi aus Kriseregiounen (Afghanistan, Syrien, Libyen, Ukraine asw…) kommen. Déi Schüler hu sech dann och ganz besonnesch gefreet.”

D’Schüler waren aus de Classen vu 7ième bis 2ième an dann och e puer Universitären.