Interview mat der Madame Anne Brasseur, déi de Conseil d’Administration vun de Solistes Européens, Luxembourg no bal 20 Joer verléisst

 

Wéi ass et dozou komm, dass Dir deemools dem Conseil d‘Administration vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL) bäigetruede sidd?

AB: Ech sinn déi Zäit reegelméisseg a Concerte gaangen an du sinn ech op eemol vum Eugène Prim, den ech awer scho virdru kannt hunn, ugeschwat ginn, fir am Conseil d’Administration vun de Solistes Européens matzemaachen. Ech hu mech dobäi geéiert gefillt, hunn direkt zougesot an ech sinn dem Eugène Prim bis haut dankbar, dass hee mech deemools gefrot huet.

 

Gëtt et ee Moment aus Ärer „SEL-Zäit“, den Iech a besonnescher Erënnerung bleiwe wäert?

AB: Ee Moment, dee menger Meenung no enorm wichteg fir d’Solistes Européens war, war dee Moment wou mir de Christoph König als neie Chefdirigent engagéiert hunn. Heen huet et fäerdeg bruecht, net nëmmen duerch seng enorm Musikalitéit an duerch säin Talent, mee och duerch seng Perséinlechkeet, dass den Orchester op e ganz aneren Niveau komm ass. Besonnesch och d’Zesummesetze vu senge Concerts-Programmer huet mech wierklech markéiert, well en et fäerdeg bruecht huet, nieft bekannte klassesche Wierker, och méi onbekannte Stecker mat eranzebréngen, wat d’Leit einfach méi no un d’Musik eru bréngt. Dat ass fir mech extraordinäre!

 

Wat ass Är Relatioun zur klassescher Musik, spillt Dir z.B. sëlwer en Instrument oder hutt Dir als Kand eent geléiert?

AB: Ech hu verschidde Beréierunge mat der Musik gehat. Ech hunn als Kand als Autodidakt Blockflütt a Gittar gespillt, mee leider hunn ech ni richteg Musik konnte léieren.

Ech hunn dunn duerch d' »Jeunesses Musicales » en Zougang zur klassescher Musik kritt, an och duerch d’Chorale vun de « Jeunesses Musicales », wou mer 1968 mam RTL-Orchester dem Bruckner säin « Te Deum » am deemools neien Theater opgeféiert hunn.

Donieft war ee Schlëssel-Erliefnis fir mech, wéi ech an engem Concert vum Orchestre de Paris, dirigéiert vum Seiji Ozawa, de « Sacre du Printemps » vum Igor Strawinsky entdeckt hunn. Dat war fir mech eng enorm Revelatioun!

 

Dir waart jo, ënnert anerem, och als Ministerin vun der Education Nationale aktiv – wéi wichteg ass d‘Musik an der Erzéiung vun eise Kanner?

AB: D’Musik-Educatioun ass enorm wichteg, wëll se eise Kanner eng Basis an en Zougang zur Musik gëtt, wat u sech jo scho formidabel ass – mee et erfuerdert och Konzentratioun an Disziplin, wat Qualitéite sinn, déi engem och an aneren Domainen nëtzlech kënne sinn. Ech hunn och deemools déi Leit ënnerstëtzt, déi d’Methode vum « Klangmännchen » entwéckelt hunn. Haut géing ech mir wënschen, dass an eise Schoule méi géing gesonge ginn, well d’Sangen net nëmmen d’Mënsche matenee verbënnt, mee och fir den Eenzelnen enorm wichteg ass.

 

Wann Dir misst e Bilan zéien, no bal 20 Joer am CA vun de SEL, wei géif deen ausgesinn?

AB: Dee Bilan ass global positiv, och wann ech an der Lescht feststellen, an dat gëllt fir d’Musik, fir d’Kultur am Allgemengen an och fir de Sport, dass de Sponsoring ëmmer méi ofhëlt an dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass d’ëffentlech Hand och agräift. Mir mussen all zesummen, egal a wéi engem Domaine, kucken, wéi mir eis verschidden Aktivitéite kënne weiderbréngen, och mat méi knappe finanzielle Ressourcen.

 

Wéi geet et elo weider fir Iech, gëtt et en neie Challenge deen op Iech waart?

AB: Ech hunn eng Rei Challengen, ech sinn zum Gléck nach gutt beschäftegt. Ech sinn an engem liberalen « think tank » an Däitschland, an der « Friedrich-Naumann-Stiftung », an ech sinn an zwee Jury’en fir Mënscherechtspräisser.

Donieft probéieren ech nozehuelen, wat ech als Kand verpasst hunn, nämlech Musik ze léieren! Ech gi mech mat Solfège of an ech huele Pianos-Stonnen, mee et ass enorm komplizéiert, fir dat am Erwuessenen-Alter ze léieren. Dofir mäi gudde Rot, fir déi di Kanner an Enkel-Kanner hunn: Bréngt se sou fréi wéi méiglech un d’Musik erun!

Donieft liesen ech och ganz gären, maache vill Sport, reese gären, ginn natierlech weiderhin a Concerten a verbréngen elo méi Zäit mat menge Frënn, mat menger Famill a ganz besonnesch och mat mengem Enkel.

 

Interview avec Madame Anne Brasseur, qui quitte le Conseil d’Administration des Solistes
Européens, Luxembourg après près de 20 ans

 

Comment avez-vous rejoint le Conseil d’Administration des Solistes Européens, Luxembourg (SEL) à l’époque ?

AB : J’ai toujours été une habituée des concerts, quand un jour, Eugène Prim, que je connaissais déjà depuis longtemps, m’a proposé à rejoindre le Conseil d’Administration des Solistes Européens. J’ai bien sûr été très honorée par cette invitation, que j’ai acceptée immédiatement. Aujourd’hui, je peux dire que je suis toujours très reconnaissante à Eugène Prim de m’avoir donné cette opportunité à l’époque.

Y a-t-il un moment de votre „période SEL“ qui restera particulièrement marqué dans votre mémoire ?

AB : Un moment qui a été extrêmement important pour les Solistes Européens a, à mon avis, été lorsque nous avons engagé Christoph König en tant que nouveau chef d’orchestre principal. Il a réussi à amener l’orchestre à un niveau totalement différent, non seulement par sa musicalité exceptionnelle et son talent, mais aussi par sa personnalité. En particulier, la composition de ses programmes de concerts a vraiment marqué ma perception, car il a réussi à intégrer non seulement des œuvres classiques bien connues, mais aussi des pièces moins connues, rapprochant ainsi les gens de la musique. C’était extraordinaire pour moi !

Quelle est votre relation avec la musique classique ? Jouez-vous vous-même d’un instrument, ou avez-vous appris à en jouer étant enfant ?

AB : J’ai eu différentes expériences avec la musique. En tant qu’enfant, j’ai joué de la flûte à bec et de la guitare en autodidacte, mais malheureusement, je n’ai jamais vraiment pu apprendre la musique correctement. J’ai ensuite eu accès à la musique classique grâce aux « Jeunesses Musicales » et à la chorale des « Jeunesses Musicales », où en 1968, nous avons interprété le « Te Deum » de Bruckner avec l’Orchestre Symphonique de radio-télé Luxembourg (RTL) dans le nouveau théâtre de l’époque.

En outre, une expérience clé pour moi a été la découverte du « Sacre du Printemps » d’Igor Stravinsky lors d’un concert de l’Orchestre de Paris dirigé par Seiji Ozawa. C’était une révélation énorme pour moi !

Vous avez également été ministre de l’Éducation nationale, à quel point la musique est-elle importante dans l’éducation de nos enfants ?

AB : L’éducation musicale est extrêmement importante car elle offre à nos enfants une base et un accès à la musique, ce qui est déjà formidable en soi. Mais elle nécessite également la concentration et la discipline, des qualités qui peuvent être utiles dans d’autres domaines également. À l’époque, j’ai également soutenu les gens qui ont développé la méthode du « Klangmännchen ». Aujourd’hui, je souhaiterais que davantage de chant soit pratiqué dans nos écoles, car le chant ne relie pas seulement les gens entre eux, mais il est aussi extrêmement important pour chaque individu.

 

Si vous deviez dresser un bilan après près de 20 ans au Conseil d’Administration des SEL, comment cela se présenterait-il ?

AB : Le bilan est globalement positif, même si je constate récemment, et cela vaut pour la musique, la culture en général, et le sport, que le sponsoring devient de plus en plus difficile. C’est pourquoi il est d’autant plus important que l’intervention des pouvoirs publics soit présente. Nous devons tous, dans tous les domaines, trouver des solutions afin de poursuivre nos différentes activités même si les ressources financières sont plus limitées qu’auparavant.

Quels sont vos projets futurs, y a-t-il un nouveau défi qui vous attend ?

AB : J’ai plusieurs défis, je suis heureusement encore bien occupée. Je fais partie d’un « think tank » libéral en Allemagne, la « Friedrich-Naumann-Stiftung », et je fais partie de deux jurys pour des prix des droits de l’homme. En outre, j’essaie de rattraper ce que j’ai manqué en tant qu’enfant, c’est-à-dire apprendre la musique ! Je me lance dans le solfège et je prends des cours de piano, mais c’est extrêmement compliqué d’apprendre cela à l’âge adulte. Donc, mon conseil pour ceux qui ont des enfants et des petits-enfants serait : initiez-les à la musique le plus tôt possible ! En plus de cela, j’aime beaucoup lire, faire du sport, voyager, bien sûr continuer à assister à des concerts, et passer plus de temps avec mes amis, ma famille et surtout avec mon petit-fils.